Op den Inhalt sprangen

Anamnes (Medezin)

Vu Wikipedia

D'Anamnes (lat-griich. Erënnerung) an der Medezin ass d'Virgeschicht vu Krankheeten no den Donnéeë vum Patient.

D'Beschreiwung vun den aktuelle Kloen a Symptomer, Krankheeten, déi e fréier hat, oder déi a senger Famill waren, sollte mat enger Friemanamnes komplettéiert ginn, besonnesch am Fall vun Amnesie oder Stéierung vum Bewosstsinn. D'biographesch Anamnes hëlleft, d'Situatioun ze beschreiwen, bannent där sech d'Krankheetssymptomer entwéckelt hunn.